Monday, November 26, 2007

speziell fir d'Michou, den Jacky, dem Joëlle sein ondichten MuppPosted by Picasa
Elo hun ech mein Vliesofix haut kritt an hun meng greng gefierwten Stefter gepescht, meng Kescht get schon ganz fuerweg...schéin. An meng Rechterkescht get emmer mie grous..komesch!
Nach en Mini, dén mat lauter winzegen Reschter enstanen assPosted by Picasa
EN Quilt aus engem Buch vum Frieda Anderson (mengen ech ass de Numm) en Frendin vum Melody Johnson, och nemmen gepescht, duerno op der Maschinn gequilt.Posted by Picasa
An dén éischten aus der ganzer Serie, enstanen zu St MoritzPosted by Picasa
an nach een vum Melody, tulips. dén alleréischten dén ech gemach hun nach virum Cours.Posted by Picasa
Posted by Picasa
Posted by Picasa
Méindeg...bäääh....wéi emmer ass mein Bitzzemmer haut Wäschzemmer, d'Wäschmaschinn leeft den ganzen Daag, an den Trockner och. Et get zwär den Rescht vun der Woch och nach gewäsch , mais mol eng Maschinn voll, daat verdréit een. Besonnesch wann den Trockner den ganzen Daag leeft get et sou warem dobannen dass ech méschtens bei oppener Diir schaffen.
Vleicht ass et och sou geduecht datt ech net sollt deen Daag am Bitzzemmer sin mais uewenop an mol en besselchen botzen.....hmmm....

Nujé, et helleft neischt, béides muss gemach gin. Besonnech d'Wäschen ass die lescht Zeit ugesoot, meng léiw Duechter huet jo gemengt si misst een éigenen Mupp hun, dén huet elo 4 Méint an bekäppt net datt een et net kann laafen lossen wou een just steht oder setzt... :-(
démno ass dauernd iergendeent Muppekëssen,- teppech- oder Torchong an der Wäschmaschinn..grrr...! Geschwenn machen ech dém Borscht een Knued an den Krinchen!!!

Et helleft alles neischt...ech muss awer elo botzen.......

Sunday, November 25, 2007

Hei nach eng Foto vum Melody Johnson während dem Cours dén et eis gehaal huet am Hotel Laudinella zu Sankt Moritz.
Posted by Picasa
Hei hun ech mer verschidden Formen vun Vasen and Kréi gezéchent, an dann nach am Hannergronn drei Rechtecken opgezéchent, ech hoffen daat ass ze erkennen?




Een Deel vun mengem nei gefierwten Stoff.


Daat sin d'Regaler mat Plexiglas. Op Plexiglass kennt den nassen Stoff drop an get aus klengen Depperchen mat enger Zull gemoolt. Dann gin se um Plexiglass an d'Regal geluecht an iwert Nuecht drechnen geloos. Duerno gutt an ausdauernd aennert fléissendem Waasser ausgeschwenkt, an dann erem drechnen geloos ier se gesträkt gin.


Bei dém hei Qilt hun ech meng bloo Reschter verschafft.


Ech hun der bloer en besselchen vill...dofir mussen se duerhalen. Waat wuel meng Lieblingsfuerw ass?


Et mescht immens Spaass die kleng Wierker per Hand mat Pärelkotteng ze quilten. Just den Top an den Vlies, duerno kennt dann d'Recksait drop an et get nach emol mat der Maschinn gequilt fir die drei Loen och zesummen ze halen.



Gingko-Blieder no enger Iddi vum Melody Johnson, die mir esou gutt gefall huet datt ech se nogemach hun.


Genau wie des flott Guitarre daat ass och en Quilt vum Melody Johnson dén ech nogezéchent hun an dun gepescht hun. :-)


An dann Fuchsia, natiirlech och vum Melody Johnson. Daat wor mat der éischter een dén ech nogemach hun, do hun ech nach all eenzel Steck ugebutt, well ech der Sach net getraut hun.


Hei ass dann elo dén, dén ech de Moment emgangen sin ze machen, wie schwéierlech ze erkennen ass, een Papagei dén op engem Baam setzt. Den Moment sin ech emgangen Stofft greng ze fierwen fir Blieder, dann wärden ech nach op den Vliesofix dén ech bestalt hun an dann geet et weider.

Sonndeg, den25.11.07

No engem Cours zu Sankt Moritz mam Melody Johnson hun ech ugefangen mein Stofft fir déi speziell Art vun Quilten selwer ze fierwen. No en puer net esou réusséierten Versich die awer als Reckseit kennen gebraucht gin geet et elo ganz gutt. No sengen Iddien hun ech mir och Plexiglasregaler gemach wou d'Stofft kann drechnen. Ech probéieren mol en puer Fotoen hei eran ze setzen.