Monday, November 26, 2007

Méindeg...bäääh....wéi emmer ass mein Bitzzemmer haut Wäschzemmer, d'Wäschmaschinn leeft den ganzen Daag, an den Trockner och. Et get zwär den Rescht vun der Woch och nach gewäsch , mais mol eng Maschinn voll, daat verdréit een. Besonnesch wann den Trockner den ganzen Daag leeft get et sou warem dobannen dass ech méschtens bei oppener Diir schaffen.
Vleicht ass et och sou geduecht datt ech net sollt deen Daag am Bitzzemmer sin mais uewenop an mol en besselchen botzen.....hmmm....

Nujé, et helleft neischt, béides muss gemach gin. Besonnech d'Wäschen ass die lescht Zeit ugesoot, meng léiw Duechter huet jo gemengt si misst een éigenen Mupp hun, dén huet elo 4 Méint an bekäppt net datt een et net kann laafen lossen wou een just steht oder setzt... :-(
démno ass dauernd iergendeent Muppekëssen,- teppech- oder Torchong an der Wäschmaschinn..grrr...! Geschwenn machen ech dém Borscht een Knued an den Krinchen!!!

Et helleft alles neischt...ech muss awer elo botzen.......

1 comment:

Anonymous said...

Da weis eis mol eng Foto vum Joëlle sengem Jaky wann ech glifft :-)
mé d'Buddy ass nach emmer dat Bescht !!